
Der Françoise Ley hir Toillen hunn e staark narrative Charakter a verleeden den Observateur dozou, sech d’Biller vu ganz no unzekucken a laang bei de Wierker ze verweilen. Hir momentan Expo nennt sech Dreams are made of flowers an huet hir Iwwerschrëft vun engem Wierk, dat mat ausgestallt gëtt, kritt.
Op der Expo fënnt ee rezent Biller vun der Kënschtlerin, aus deene leschten zwee Joer. Groussformateg Wierker op Toile, ma och e puer Serië vu klengen Aarbechten op Pabeier sinn dobäi.

D’Expo géif hir rezent Entwécklung, aus de leschten zwee Joer, ganz gutt weisen, esou d’Kënschtlerin selwer.
“Ech géif soen, et wier eng relativ poetesch Aarbecht. Vläicht méi sensibel a méi reng wéi méi al Aarbechten. Déi ware méi gestuel a méi intuitiv... vläicht bësse méi wëll.”, beschreift d’Françoise Ley d’Ausstellung selwer.
Schonn als Kand war d’Françoise Ley begeeschtert vun der Konscht. Seelen hätt ee si ouni faarweg Molstëfter an der Hand gesinn. Ma och d’Literatur begleet si schonn hiert ganzt Liewe laang, dowéinst huet si och spéider Literatur-Geschicht zu Freiburg studéiert. Ma do hätt si awer gemierkt, wéi vill si d’Konscht vermësst a wéi wichteg d’Konscht hir wier. Ma och haut géif d’Literatur hir Konscht nach ëmmer immens staarkt beaflossen.

Nieft der Literatur, der Musek an dem Mënsch als Individuum spillt awer och d’Natur eng grouss Roll an hirer Konscht. Dozou d’Françoise Ley selwer: “Déi geometresch, graphesch Formen, déi een a menge Biller als Zeechnungen erëmfënnt, hu fir mech ganz vill mat der Natur ze dinn.”
Den Haaptmedium, an deem si schafft, ass Acryl. Ma si schafft och vill mat Uelegkräid, Bläistëft oder Graffitispray. An hire rezente Biller, déi een och an der Expo gesäit, ass d’Basis awer e Collage, op deen d’Bild Schrëtt fir Schrëtt opgebaut gëtt.

D’Expo am CAPE zu Ettelbréck leeft scho knapps ee Mount an de Feedback vun de Visiteure fält trotz schwieregen Zäite ganz positiv aus, esou d’Kënschtlerin selwer.
Um Salon vum Cal (1.11 - 21.11) am Tramsschapp stellt si dräi Wierker aus. Och op der ArtWeek sollt si Wierker presentéieren, ma wéinst den neie sanitäre Reegele ass do op digital ëmgeklomme ginn.