Harry Potter und das verwunschene KindD'Schauspiller vun der däitscher Theateropféierung si fest
Am Mäerz 2020 gëtt zu Hamburg d'Theaterstéck "Harry Potter und das verwunschene Kind" opgeféiert. E Méindeg gouf annoncéiert, wien alles matspille wäert.
Dës Muggel-News huet sécherlech bei ville Potterheads fir Begeeschterung gesuergt. Am Ganzen hate sech ronn 3.000 Kandidate gemellt. Eng éischte Kéier prouwen déi 35 Duersteller, aus deenen den Ensembel zesummegesat ass, den 11. November.
Am Summer 2016 gouf d’Theaterstéck vum J. K. Rowling am Londoner West End uropgeféiert. D’Inzeenéierung zu Hamburg wäert déi éischten net-engleschsproocheg Versioun sinn.
Wéi eng Schauspiller op der Bühn stoe wäerten, gesitt Dir an der Fotosgalerie.
© www.harry-potter-theater.de
© www.harry-potter-theater.de
© www.harry-potter-theater.de
© www.harry-potter-theater.de
© www.harry-potter-theater.de
© www.harry-potter-theater.de
© www.harry-potter-theater.de
© www.harry-potter-theater.de
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Den offiziellen Trailer vum neien Harry Potter ass do!