
Mat hire Rollen an Telesserien, Soapen, internationale Filmer, oder Theaterproduktiounen huet d’Hana Sofia Lopes sech an de leschte Joren net just zu Lëtzebuerg e Numm gemaach.
D’Schauspillerin mat portugiseschen Originnen huet och a Pandemie-Zäiten e gutt gefëllten Agenda, huet awer Zäit fonnt fir mam Claudia Kollwelter iwwert aktuell Projeten ze schwätzen, iwwert hire Faibel fir d'70er Joren, Yoga, Meditatioun an de Forrest Gump.
D’Schauspillerin Hana Sofia Lopes huet iwwert aktuell Projeten, Yoga, Meditatioun, hire Faibel fir d'70er Jore an de Forrest Gump geschwat.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
