
Wéi déi däitsch Medie schreiwen wier déi nëmme 41 Joer al Schauspillerin Enn September mat hirem Vëlo géint eng Autosdier gerannt, déi opstoung. Duerch d’Kollisioun ass d’Schauspillerin gefall a gouf liewensgeféierlech um Kapp blesséiert.
Kuerz drop wier si an engem Klinik zu Hamburg un de Suitte vum Accident gestuerwen. Virun allem a Krimiserien wéi “Großstadtrevier”, “Tatort” oder “Alarm für Kobra 11", mä och zum Schluss bei der Serie “Traumschiff”, war d’Wanda Perdelwitz ze gesinn.