Ramadan am ConfinementDuerch Faaschte léiert een, déi Saachen z'appreciéieren, déi een huet

RTL Lëtzebuerg
Mir ware bei eng jonk Famill kucken, wéi si déi fir hir Relioun wichtegst Zäit am Joer an den aktuelle Konditiounen erliewen.
Ramadan am Confinement
Mat engem Gebiet, engem Glas Waasser an enger Dattel gëtt d’Faaschte gebrach.

Viru gutt 10 Deeg huet de Ramadan ugefaangen, de Faaschte Mount vun de Moslemen. Giess a gedronk gëtt moies virum Sonnenopgank an owes, wann d’Sonn nees fort ass. Zum Faaschtebrieche gehéiert, datt ee sech an der Communautéit trëfft, op d’mannst awer mat der Famill. Elo am Confinement ass dat awer net méiglech. Mir ware bei eng jonk Famill kucken, wéi si déi fir hir Relioun wichtegst Zäit am Joer an den aktuelle Konditiounen erliewen.

D’Pitta ass esou gutt wéi fäerdeg, Zopp och... an e puer Minutte geet d’Sonn ënner, dann ass Zäit fir Iftar, d’Faaschtebriechen. Da kënnen de Semir an d’Akqe nees iessen an drénken. Fir d’lescht gouf et eppes de Moien um 4 Auer. D’Akqe Nesic mécht de Ramadan fir d’zweete Kéier mat:

Ech spiere fir mech, wann ech moies opstinn, ech bieden, ech iessen an dann denken ech mer, ech maachen dat hei wierklech... et ass en Acheminement spirituell, et ass eppes ganz aneschters... Ech spieren, datt et mer gutt geet, obwuel ech näischt iessen.

De Semir Nesic seet dozou: “Also et ass dee wichtegste Mount vum Joer fir eis. Dee Mount gëtt eis och d’Chance, fir duerch d’Faaschten déi ganz Saachen ze appreciéieren, déi mer hunn.”

Mat engem Gebiet, engem Glas Waasser an enger Dattel gëtt d’Faaschte gebrach.

D’Alia an de klengen Issa maachen de Ramadan net mat, grad esou wéi schwanger Fraen, Schwaacher oder Kranker net faaschte sollen. De Semir Nesic erzielt:

Also normalerweis wär elo den Dësch hei laang gezunn a mir géingen hei zu 10 sëtzen an all zesummen iesse, mee voilà... mir mussen dat elo am klenge Krees halen, wat och net schlecht ass.”

D’Akqe Nesic gesäit d’Situatioun wärend der Kris esou: “Dat anert ass, wärend dem Ramadan hu mer d’Gewunnecht ze hëllefen - maache mer och am Joer, mee grad elo am Ramadan huet een nach méi Tendenz dozou. Elo kënne mer net vill maachen. Mir sinn ageengt, et feelt mer eppes.

D’Famill gëtt an dësen Zäiten iwwer Videouruff bäigeschalt. D’Akqe wënscht senger Schwëster fir den Iftar.

Et ass Traditioun. Moies schreiwe mer eis um 5 Auer a wënschen e schéinen Dag, dass alles gutt geet, dass een dat packt. An owes ruffe mer eis dann un a wënschen eis, dass mer den Dag duerch gestanen hunn.

30 Deeg dauert de Ramadan, et ass déi Zäit, wou d’Moslem ëm Verzeiung bieden. Hei op Esch an d’Moschee kommen normalerweis eng 100 Leit owes fir d’Faaschtebriechen zesummen. Fir d’Freides-Priedegten souguer duebel esouvill. Ma dëst Joer biet den Imam Nedjad Zilkic eleng. E Gemeinschaftsgebiet iwwer Livestream gëtt et net.

Den Nedjad Zilkic, Imam vum Centre Islamique et Culturel Berlat Luxembourg: “Eis Pflichtgebieter maache mer alleguer doheem mat der Famill. De Mann biet zesumme mat senger Fra, de Kanner an Elteren. Dat heescht, bieden iwwer Livestream geet net, par contre Priedegten a wichteg Lektiounen deele mer iwwer Livestream mat, wéi et an anere Reliounen de Fall ass.”

Iwwer Internet a Whatsapp kënnen déi Gleeweg awer och am Confinement mam Imam kommunikéieren. D’Akqe an de Semir ginn zwar net reegelméisseg an d’Moschee, ma besonnesch elo am Ramadan hätte se dat gär déi eng oder aner Kéier gemaach. D’Akqe Nesic erkläert eis:

Ech bieden net fënnefmol den Dag, esou wéi vläicht aner Moslemen. Fir mech wär et wierklech och fir ze léieren, fir och e bësse guidéiert ze ginn duerch d’Gebiet, wär et besser ech kéint dat accompagnéiert maachen, wéi elo eleng doheem.”

D’Famill Nesic, wéi sécherlech vill aner Moslemen hoffen, datt de Confinement bis den 23. Mee gelackert gëtt. Dann ass nämlech de Beiram, dat grousst Ofschlossfest vum Ramadan.

Et ass mat eent vun de wichtegste Fester vum Joer fir eis Moslemen, fir déi Zäit vum Ramadan ofzeschléissen. Fir mat der Famill zesummenzekommen, Kaddoen auszetauschen, de Kanner eppes ze kafen. Et ass wéi e klenge Chrëschtdag wann een esou wëll”, seet eis de Semir nach zum Schluss.

© Christophe Hochard

Back to Top
CIM LOGO