"And the Oscar goes to...""Dune" ass mat 7 Auszeechnungen de grousse Gewënner
De Film "Coda" vun Apple gëtt iwwerdeems dee beschte Film vum Joer. Netflix krut, entgéint den Erwaardungen, nëmmen een Oscar.
"Dune" ass mat 7 Oscaren de grousse Gewënner
De Film “Coda” vun Apple gëtt iwwerdeems dee beschte Film vum Joer. Netflix krut, entgéint den Erwaardungen, nëmmen een Oscar.
Domadder huet Apple mat “Coda” fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt, well domadder net den héich gehandelte Film “Power of the Dog” vun Netflix de wuel wichtegste Präis konnt gewannen.
Jane Champions krut dofir awer den Oscar fir déi beschte Regie fir den Netflix-Film. Dëst ass elo schonn déi 2. Kéier hannerteneen, dass eng Fra de Präis fir déi beschte Regie konnt gewannen, eng Première bei den Oscars.
Déi meeschten Oscare krut awer kloer de Sci-Fi-Blockbuster “Dune”, ënnert anerem konnt sech de Komponist Hans Zimmer freeën, deen déi beschte Filmmusek zejoert geschriwwen huet. Dobäi kommen ënnert anerem Präisser fir déi beschte Kamera oder och nach déi bescht visuell Effekter.
Beschten internationale Film gouf dat japanescht Drama “Drive my car”, Encanto gëtt iwwerdeems de beschten Animatiounsfilm. Beschten Dokumentarfilm gëtt dann nach Summer of Soul.
E klengen Tëschefall gouf et dann tëscht dem Comedian Chis Rock an dem Schauspiller Will Smith. De Chris Rock hat e Witz iwwert d’Frisur vum Will Smith senger Fra gemaach, där hir Hoer wéinst der Krankheet Alopezie ausgefall sinn. Kuerz drop ass de Schauspiller op d’Bün gaangen an huet dem Chris Rock an d’Gesiicht geschloen.
E wéineg méi spéit am Owend krut de Will Smith iwwregens de Präis fir de beschte Schauspiller fir seng Roll a “King Richard”.
Beschte Schauspillerin gëtt iwwerdeems d’Jessica Chastain fir hir Roll an “The Eyes of Tammy Faye”.
Wéi eng Filmer, Schauspiller oder Regisseure konnten dëst Joer ofraumen?
Beschte Film
- Belfast
- Coda
- Don’t Look Up
- Drive My Car
- Dune
- King Richard
- Licorice Pizza
- Nightmare Alley
- The Power of the Dog
- West Side Story
Bescht Regie
- Kenneth Branagh - Belfast
- Ryûsuke Hamaguchi - Drive My Car
- Paul Thomas Anderson - Licorice Pizza
- Jane Campion - The Power of the Dog
- Steven Spielberg - West Side Story
Beschten Haaptschauspillerin
- Jessica Chastain - The Eyes of Tammy Faye
- Olivia Colman - Frau im Dunkeln
- Penélope Cruz - Parallele Mütter
- Kristen Stewart - Spencer
- Nicole Kidman - Being the Ricardos
Beschten Haaptschauspiller
- Javier Bardem - Being the Ricardos
- Benedict Cumberbatch - The Power of the Dog
- Andrew Garfield - Tick, Tick… Boom!
- Will Smith - King Richard
- Denzel Washington - Macbeth
Beschten Niewenduersteller
- Jessie Buckley - Frau im Dunkeln
- Ariana DeBose - West Side Story
- Judi Dench - Belfast
- Kirsten Dunst - The Power of the Dog
- Aunjanue Ellis- King Richard
Beschten Niewenduersteller
- Jesse Plemons - The Power of the Dog
- Kodi Smit-McPhee - The Power of the Dog
- J.K. Simmons - Being the Ricardos
- Ciarán Hinds - Belfast
- Troy Kotsur - Coda
Beschten Originaldréibuch
- Kenneth Branagh - Belfast
- Adam McKay und David Sirota - Don’t Look Up
- Zach Baylin - King Richard
- Paul Thomas Anderson - Licorice Pizza
- Eskil Vogt und Joachim Trier - Der schlimmste Mensch der Welt
Beschten adaptéiert Dréibuch
- Sian Heder - Coda
- Ryûsuke Hamaguchi und Takamasa Oe - Drive My Car
- Jon Spaihts, Denis Villeneuve und Eric Roth - Dune
- Maggie Gyllenhaal - Frau im Dunkeln
- Jane Campion - The Power of the Dog
Beschten Animatiounsfilm
- Encanto
- Flee
- Luca
- Die Mitchells gegen die Maschinen
- Raya und der letzte Drache
Beschten internationale Film
- Drive My Car
- Der schlimmste Mensch der Welt
- Flee
- Lunana - Das Glück liegt im Himalaya
- The Hand of God
Beschten Dokumentarfilm
- Ascension
- Attica
- Flee
- Summer of Soul (...Or, When The Revolution Could Not Be Televised)
- Writing With Fire
Bescht Kamera
- Greig Fraser - Dune
- Dan Laustsen - Nightmare Alley
- Ari Wegner - The Power of the Dog
- Bruno Delbonnel - Macbeth
- Janusz Kaminski - West Side Story
Beschte Kostümdesign
- Jenny Beavan - Cruella
- Massimo Cantini Parrini und Jacqueline Durran - Cyrano
- Jacqueline West und Robert Morgan - Dune
- Luis Sequeira - Nightmare Alley
- Paul Tazewell - West Side Story
Beschte Schnatt
- Hank Corwin - Don’t Look Up
- Joe Walker - Dune
- Pamela Martin - King Richard
- Peter Sciberras - The Power of the Dog
- Myron Kerstein and Andrew Weisblum - Tick, Tick… Boom!
Beschten animéierte Kuerzfilm
- Affairs of the Art
- Bestia
- Boxballet
- Rote Robin
- The Windshield Wiper
Beschte Kuerzfilm
- Ala Kachuu - Take and Run
- The Dress
- The Long Goodbye
- On my Mind
- Please Hold
Beschten Dokumentar-Kuerzfilm
- Hörbar
- Nach Hause
- The Queen of Basketball
- Drei Lieder für Benazir
- When We Were Bullies
Bescht Zeenebild
- Dune
- Nightmare Alley
- The Power of the Dog
- Macbeth
- West Side Story
Beschte Make-Up a Styling
- Der Prinz aus Zamunda 2
- Cruella
- Dune
- House of Gucci
- The Eyes of Tammy Faye
Bescht Filmmusik
- Nicholas Britell - Don’t Look Up
- Hans Zimmer - Dune
- Germaine Franco - Encanto
- Alberto Iglesias - Parallele Mütter
- Jonny Greenwood - The Power of the Dog
Bescht Lidd fir e Film
- DIXSON und Beyoncé Knowles-Carter: “Be Alive” - King Richard
- Lin-Manuel Miranda : “Dos Oruguitas” - Encanto
- Van Morrison: “Down to Joy” - Belfast
- Billie Eilish und Finneas O’Connell: “No Time to Die” - James Bond 007 - Keine Zeit zu sterben
- Diane Warren: “Somehow You Do” - Four Good Days
Beschten Toun
- Belfast
- Dune
- James Bond 007 - Keine Zeit zu sterben
- West Side Story
- The Power of the Dog
Bescht visuell Effekter
- Dune
- Free Guy
- James Bond 007 - Keine Zeit zu sterben
- Shang-Chi and the Legend of the Ten Rings
- Spider-Man: No Way Home