An dësem Film geet et ëm de Marcel, en eeleren Här, deen eleng mat sengem Mupp op engem Bauerenhaff lieft. Wéi hien enges Moies waakreg gëtt, stellt hie fest, dass eng ganz Partie vu sengen Hénger gerass goufen. Hie mengt, et géing sech e Wollef op sengem Terrain erëmdreiwen a sicht Hëllef bei sengem Fils.