
Vun owes 17 bis 1 Auer an der Nuecht, kann een mat engem Entréesbracelet d'Ausstellunge vu 7 verschiddene Muséeë kucke goen.
D'Villa Vauban, de Casino, de Lëtzebuerg City Museum, de Nationalmusée um Fëschmaart, de Naturmusée, de Musée Dräi Eechelen an de Mudam maache fir en aussergewéinlechen Owend hir Dieren op a presentéieren nieft de regulären Ausstellungen och nach en diverse Kaderprogramm, mat Performancen, Concerten, DJ-Sets, kreativen Atelieren a Visitten.
Et ass déi 25. Editioun vun der Nuit des Musées, déi all Joer eng Villzuel u Visiteuren an d'Stad zitt. Fir ze feieren, hunn déi siwe Muséeën zesumme mat der Illustratrice Irina Moons e gemeinsame kënschtleresche Projet entwéckelt, bei deem jidderee beim Kaf vun engem Bracelet, och nach e Carnet geschenkt kritt. An all Musée gëtt et en anere Stempel ze sammelen, déi der Irina Moons hir Illustratioune lues a lues zum Liewen erwäche loossen.
De komplette Programm a weider Informatiounen iwwert déi 25. Editioun vun der Nuit des Musées fannt Dir hei. Fir z'iessen an ze drénken, esou wéi den Transport a Form vu gratis Navetten, ass den Owend selwer och gesuergt.