Friends-Star war un Iwwerdosis Ketamin gestuerwenÉischt Persoun am Fall vum Doud vum Matthew Perry gouf verurteelt

Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
De Matthew Perry war am Oktober 2023 un enger Iwwerdosis Ketamin gestuerwen. Elo gouf déi éischt vu fënnef Persoune verurteelt, déi am Verdacht stinn, eppes mam Doud vum Friends-Star ze dinn ze hunn.
© afp

De Salvador Plasencia, en Dokter, huet de Schauspiller viru sengem Doud mat Ketamin versuergt, wat illegal ass an den USA. Hie gouf e Mëttwoch vun engem US-Geriicht zu enger Prisongsstrof vun zwee an d’halleft Joer verurteelt. Dat mellen ënnert anerem d’Los Angeles Times an de Senger CBS. Dësen Dokter ass nëmmen eng vu fënnef Persounen, déi sech am Zesummenhang mam Doud vum Friends-Schauspiller viru Geriicht veräntwerte mussen.

De Matthew Perry hat jorelaang mat massiven Drogeproblemer ze kämpfen. Ufanks war him d’Medikament verschriwwe ginn, ma de Schauspiller hat nëmme Woche viru sengem Doud am Oktober 2023 ugefaangen, sech d’Drog och aus anere Quellen ze beschafen. Dem verurteelten Dokter, dee seng Lizenz op Grond vun de Faite verluer huet, gëtt zwar net virgehäit, dem Perry déi déidlech Dosis verschriwwen ze hunn, ma hie soll dëse viru sengem Doud ëmmer nees illegal mat Ketamin versuergt hunn.

Back to Top
CIM LOGO