
Op dem neien Album sinn ënnert anerem Lady Gaga, Paul McCartney, Elton John a Stevie Wonder ze héieren.
Bei zwee Lidder huet och nach de mëttlerweil verstuerwene Batteur Charlie Watts matgespillt. De McCartney spillt op engem Lidd de Bass, den Elton John an de Steve Wonder spille Piano a Keyboard.
Et ass net déi éischte Kéier, dass e Beatle mat de Stones Musek mécht. 1967 hunn de Paul McCartney an den John Lennon schonn um Stones-Titel “We Love You” matgesongen.