Als kulturelle Coordinateur vum franséische Gemengeverband aus der Grand Est Regioun huet de Sylvain Mengel den neie Kulturzenter „L’Arche“ mat ausgeschafft. De Projet gouf scho viru ronn 7 Joer lancéiert an elo mat Hëllef vun Esch2022 realiséiert. D’Freed, Deel vun der europäescher Kulturhaaptstad ze sinn, ass grouss.
Am Ganze goufe ronn 4.2 Milliounen Euro an d’Reconstruktioun vun dësem Site investéiert. Do, wou haut nämlech d’Arche steet, war fréier eng vun de gréisste Schmelzen aus der Villerupt-Regioun. Den Numm „L’Arche“ ass duerch e Vott vum Public decidéiert ginn, kann awer och als eng Referenz op d’Geschicht vum Lieu verstane ginn.
Den neie Kulturzenter soll déi verschiddenst Medien ënnert een Daach bréngen an d’Kultur zu Villerupt rëm an de Virdergrond réckelen. Dowéinst ginn et hei souwuel e Kinossall, eng Bibliothéik, wéi och eng Rëtsch Montagen an Tounstudioen. Ënner anerem ginn et hei och nach Schreifcourse fir Grouss a Kleng an e Restaurant mat Bar.
De 4. Mäerz ass d’Arche mat all sengen Espacen ageweit ginn. Bei der Inauguratioun ass e Stéck presentéiert ginn, wourunner ganzer 3 Joer geschafft ginn ass. 120 Amateurmuseker aus der Regioun hu gespillt. D’Stéck soll d’Geschicht vun dësem Lieu erzielen. Gesonge gouf dowéinst a verschiddene Sproochen - ënner anerem op Italienesch a Lëtzebuergesch. An och soss ass de Programm fir déi nächst Zäit gutt gefëllt.
Am Hierscht wäert dann och di 45. Editioun vum renomméierte „Festival du film italien de Villerupt“ hei ofgehalen ginn. Mat der Iddi, datt d’Arche all Joers di fest Plaz fir de Filmfestival gëtt. An Zukunft wäert sech d’Arche also an dat kulturellt an soziaalt Liewen vun der Regioun integréieren an eng variéiert Programmatioun aus allen Konschtberäicher ubidden.