“Vun der Long op d’Zong” – dat beschreift dem Andy Bausch säin Troublemaker wuel am beschten. 1988 koum den éischten Deel eraus, 1997 an 2010 gouf d’Gangstergeschicht mat vill Humor ronderëm den Johnny Chicago mat “Back in Trouble” an “Trouble No More” weidergefouert.
Elo gëtt et kee Film méi, dofir eng Serie mat engem neie Gesiicht. Déi éischt Castinge waren dëse Weekend op der Fouer. Eng einfach Aufgab ass et net. Den neie Schauspiller muss zwar net direkt den originalen Johnny Chicago spillen, mee eng Figur, déi mam bekannte Personnage verbonnen ass.
„Et ass awer en neie Personnage, mee dee liéiert ass mam Johnny Chicago“, erkläert de Castingdirekter Tun Biever. Fir beim Casting matzemaachen, brauch een net onbedéngt Erfarung am Schauspill. Genee dowéinst wëll sech déi Lëtzebuerger Produktiounsfirma Samsa och genuch Zäit huelen, fir dat passend Gesiicht ze fannen. Nom éischte Casting geet et an eng zweet Ronn. Do ginn déi ausgewielte Kandidaten der Produktioun virgestallt.
Och den Andy Bausch ass natierlech nees mat dobäi. Hie schafft den Ament um Skript fir déi nei Serie. D'Dréiaarbechte sollen am Fréijoer 2027 ufänken. Bis dohinner sinn nach weider Castinge geplangt.
Wie Loscht huet, Deel vun der neier Johnny-Chicago-Geschicht ze ginn, ka sech online umellen an e Video aschécken. All d’Informatioune ginn et op johnnychicago.lu.