
Zanter 20 Joer zielt d’Rockhal (Centre de Musiques Amplifiées) zu de Leadere vun der musikalescher Welt hei zu Lëtzebuerg – net nëmmen duerch Concerten, ma och duerch eng strukturéiert Plattform fir d’Entwécklung vu Kënschtlerinnen a Kënschtler.
Fir dësen 20. Gebuertsdag organiséiert d’Rockhal ee ganzen Owend mat engem speziellen Accent op déi lokal Musekszeen. Am Kader vum “Rocklab” gouf nämlech eng speziell Show zesummegestallt, déi e Bléck an d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft wërft.
Op der Haaptbün spille méi wéi 30 Artisten aus de verschiddenste Generatiounen, déi zesummen e musikalesch historeschen Owend garantéieren.
Adriano Selva • Andrea Galetti • Angel at my Table • Babyoil • Claire Parsons • Daniel Balthasar • De Läb • Deborah Lehnen • Defdump • Dream Catcher • EDSUN • Eternal Tango • Fallen Lies • Fred Barreto • Fusion Bomb • GLITTERSBERG • Hal Flavin • Hannah Ida • INBORN! • Joel Marques • Kid Colling • Krick • L.I.L Star • Laura Thorn • Luke Haas • Maz Univerze • Metro • Miaow Miaow • Monophona • Mutiny on the Bounty • My Own Ghost • NINON • Parity • Paul Lebrun • Pleasing • Porn Queen • Remo Cavallini • Scarred • Seed To Tree • Serge Tonnar • Tuys
Och wann den Event selwer gratis ass, sinn awer Entréestickete néideg, well d’Plaze limitéiert sinn.
