Kultur trotz CoronaEng düster Serie iwwert eng düster Zäit

RTL Lëtzebuerg
"Chernobyl" erzielt d'Geschicht vun der Atomkatastroph vum 26. Abrëll 1986.

27/04/2020 Kultur trotz Corona: Serie “Chernobyl” -kollwelte

Mini-Serie Chernobyl

Nieft der Geschicht vun der deemoleger Katastroph geet et an Chernobyl awer och ëm déi sëllegen Affer, d’Manéier wéi d’sowjetesch Regierung mat dem Ongléck ëmgoung an d’Konsequenze vun der Explosioun.

© (HBO)

Chernobyl fänkt u mat enger Zeen an där sech de Wëssenschaftler Valery Legasov genee 2 Joer no der Katastroph erhänkt. Op engem Tounband huet hien Hannergrondinformatiounen hannerlooss iwwer Vertuschungen a Responsabilitéiten am Kontext vun der Nuklearkatastroph.

Den Doud vum Wëssenschaftler huet deemools an der Sowjetunioun e grousse Schock ausgeléist an d’Vue op Tschernobyl verännert.

Och wann et keng exakt historesch Dokumentatioun ass, baséiert d’Serie Chernobyl op de reelle Faite vum 26. Abrëll 1986 an den Deeg a Wochen dono. Se hëlt ee mat an déi ganz perséinlech Geschichte vun de Leit sur place an hir Schicksaler.

Sou gesäit ee beispillsweis am éischten Episod wéi d’Awunner vun der Stad Prypjat, nëmmen e puer Kilometer vun der Atomzentral fort, matzen an der Nuecht dobausse stinn an d’Feier an den Damp am Himmel bewonneren. Wärend d’Kanner am Stëbs spillen, weess de Spectateur wéi eng Konsequenzen dëst mat sech bréngt, d’Awunner selwer waren sech deemools allerdéngs kenger Gefor bewosst.

© (HBO)

D’Serie erzielt d’Geschicht vu Feigheet, Ligen, Vertuschungen a Verharmlosungen an awer och vu couragéierte Mënschen.

Och wann d’Katastroph vun Tschernobyl ville bekannt ass, hëlt d’Serie een nach emol mat an déi düster Zäit a virbildlecht dat weltwäit schroosten Accident an engem Kär-Kraaftwierk. An och wann et keng historesch exakt Dokumentatioun vun deemools ass, mécht se dem Spectateur d’Aen op an erënnert un eng Katastroph, déi och no 34 Joer net a Vergiessenheet geroden dierf.

A 5 Episode gëtt un d’Katastroph vun Tschernobyl an awer och un hir sëllegen Affer erënnert.

An den Haaptrolle spillen de Stellan Skarsgård, d’Emily Watson an den Jared Harris. Chernobyl ass zejoert eraus komm an huet dëst Joer de Golden Globe fir déi bescht Télés-Serie krut.

Kucke kann een d’Serie zum Beispill iwwert Amazon Prime oder iTunes.

Back to Top
CIM LOGO