Expo Armand StrainchampsEng Expo ouni Vernissage, ma ëmmer nach besser dat wéi guer keng Visibilitéit

RTL Lëtzebuerg
Den Armand Strainchamps ass bekannt fir säi Stréch. Op 4 Joerzéngte Konscht kann hien haut zeréckkucken.
Expo Armand Strainchamps
Den Armand Strainchamps ass bekannt fir säi Stréch. Op 4 Joerzéngte Konscht kann hien haut zeréckkucken.

Den Ament kritt een an der Bil an der Escher Strooss een Abléck a seng aktuell Wierker. Eng Expo ouni Vernissage, ma ëmmer nach besser dat wéi guer keng Visibilitéit, seet de Kënschtler.

Op engem Vernissage an der Bil komme mol gäre 500 Leit zesummen. Heirop muss de Kënschtler Armand Strainchamps dëst Kéier verzichten. D’Pandemie huet et och him net einfach gemaach.

De Kënschtler bleift sengem Styl dann och trei, säi bekannte Stréch erkennt een erëm, ma d‘Iddi bleift och déi selwecht, wat een a senge Molereien entdeckt, huet näischt mat enger Realitéit ze dinn.

Den Armand, deen och fir seng Konscht am ëffentleche Raum bekannt ass, gräift ëmmer méi dacks op Skulpturen zeréck, Diversitéit spillt eng grouss Roll.

Wann och kee Vernissage ass, ass de Kënschtler reegelméisseg an der Galerie present, an d’Ausstellung an der Bil op der Escher Strooss dauert nach bis Mëtt Februar.

Den Armand Strainchamps ass dann och den Invité am No Art vun dësem Samschdeg, do gëtt een dann nach méi iwwert de Kënschtler a seng Aarbecht gewuer.

Back to Top
CIM LOGO