
Vum 17. Juli bis den 1. August dréint sech an der Rue St. Ulric am Gronn alles ëm Bicher. An der Pop-Up Bibliothéik kann een ënnert fräiem Himmel vun enger diverser Selektioun u Bicher, Zeitungen a Comics profitéieren an déi gratis op der Platz liesen.
Ausserdeem bitt d'City Bibliothéik am Kader vun dësem Festival e breede Programm mat Liesungen, Themenowender a Workshops fir Grouss a Kleng un.
Deen éischten Owend iwwerhëlt um 18:30 de Bicherclub "Between the lines" mat enger Diskussioun iwwert der Taylor Jenkins Reed hirt Buch "Atmosphere". Dat Ganzt gëtt op Englesch ofgehalen an et muss ee sech am Viraus iwwer Instagram beim Bicherclub umellen.
Den 21. Juli kënnt donieft de Gewënner vum Prix Servais, Ian de Toffoli, an d'open-air Bibliothéik, fir zesumme mat der franséischer Autorin Amélie Vrla iwwert hir Wierker ze schwätzen an an deem Kontext op follgend Fro anzegoen: Wéi eng Welt hannerloosse mir deene kommende Generatiounen?
Besonnesch fir d'Kanner huet "D'Stad liest" vill ze bidden. Nieft engem Yoga Kuer fir jonker tëschent 4 a 6 Joer, kritt een e ganze Koup Liesungen a Workshops gebueden, déi d'Kanner dozou animéiere sollen sech fir Literatur ze interesséieren an och selwer ze liesen.
Zesumme mam Centre de Logopédie ginn och inklusiv Evenementer ugebueden, bei deenen zum Beispill Texter an déi däitsch Zeechesprooch iwwersat ginn.
D'Bibliothéik am Gronn ass ëmmer vun dënschdes bis samschdes vun 11 bis 18 Auer op. Wien sech einfach esou dohi setzen an e Buch liese well, kann dat ouni Umeldung maachen. Themenowender a besonnesch Aktivitéiten muss een allerdéngs reservéieren. Dee komplette Programm a weider Informatiounen iwwert "D'Stad liest" fannt dir hei.