
Déi éischte Kéier an der 138 Joer aler Geschicht vum Operenhaus gouf mat “Fire Shut Up In My Bones” eng Oper vun engem afroamerikanesche Komponist opgefouert. Den 59 Joer alen Jazz-Trompettist Terence Blanchard ass fir seng Filmmusek fir de Spike Lee bekannt. Hei huet hie mat mat Musek-Gréisste wéi den Herbie Hancock, den Dr. John an de Stevie Wonder zesummegeschafft.
D’Oper “Fire Shut Up In My Bones” baséiert op de Memoirë vum “New York Times"-Journalist Charles Blow. Hien ass als jonke Schwaarzen tëscht Rassismus, Mëssbrauch an enger déiwer Roserei op de Süde vun den USA opgewuess. Déi éischt Opféierung vum Stéck war zu Saint Louis.
Wéi d’Metropolitan Opera 2019 de Projet mam Blanchard ugekënnegt huet, war wéinst der Anti-Rassismus-Beweegung “Black Lives Matter” onkloer, wéini d’Première wier. Den Trompettist seet, datt d’Opféierung iwwert säin Erfolleg eraus géif goen, well d’Oper dovun erzielt, “wat an eisem Land an an der Welt vun der Konscht geschitt”.
No 18 Méint Waarde gouf “Fire Shut Up In My Bones” gläichzäiteg an engem Park zu Harlem ënnert fräiem Himmel op enger Leinwand iwwerdroen. Hei war den Entrée gratis. D’Spectatrice Linda Talton huet d’Opféierung genoss, huet et awer “traureg” fonnt, datt et eng Première vun der Met Oper war. “Et ginn esouvill schwaarz Komponisten, déi dat warscheinlech scho virun 50 oder 75 Joren hätte realiséiere kënnen”, esou déi 54 Joer al Fra. “Dat ass eben Amerika.”