In PaceErënnerungen op Allerhellegen

RTL Lëtzebuerg
RTL huet eng Partie vu Personalitéite portraitéiert, déi an de leschten 12 Méint vun eis gaange sinn.

E Réckbléck op aussergewéinlech Personnagen, déi eis rezent verlooss hunn.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren!

IN PACE: Déi ganz Serie op radio.rtl.lu.

All d’Portraite vum Radio am Replay op RTL.lu

Gaston Vogel (9.10.1937 - 2.11.2024)

Wann een u bekannte Lëtzebuerger Affekoten denkt, kënnt een net laanscht en: de Gaston Vogel, am Volleksmond och als Vulle Gast bekannt deen eis lescht Joer, den  2. November, am Alter vu 87 Joer verlooss huet. D’Nicky Soisson mat engem klenge Portrait.

Quincy Jones (14.3.1933 - 3.11.2024)

D’Musekslegend Quincy Jones war 2009 hei zu Lëtzebuerg gewuer ginn, dass de Michael Jackson gestuerwe war. Den Jones ass d’lescht Joer de 4. November am Alter vun 91 Joer zu Los Angeles verscheet. Iwwer Joerzéngten huet hie wéi keen aneren d’Musekswelt beaflosst. De Quincy Jones hat zwar kaum eegen Hits, dofir awer bei sëllegen anere grousse Produktioune seng Fangeren entscheedend am Spill. Eng musikalesch Zäitrees.

David Lynch (20.1.1946 - 15.1.2025)

Hie war de Meeschter vum zäitgenëssegen surrealen Kino, e Visionär, deen d’Grenze vum Méiglechen ëmmer nees nei definéiert huet. “De Liiblingsregisseur vun dengem Liiblinsregisseur” gëtt dacks gesot.. en eenzegaartegt Phenomen, dat soubal net méi rëmkënnt. Den David Winter erënnert un den US-Regisseur David Lynch, deen am Januar dëst Joer gestuerwen ass.

Roberta Flack (10.2.1937 - 24.2.2025)

Si war eng vun de grousse Stëmmen am Soul: Roberta Flack. Gebuer 1937 an North Carolina, wollt si eigentlech Concertpianistin ginn – mee d’Musek huet si an eng aner Richtung gedréckt. Dan Spogen

AnNa R. (25.12.1969 - 16..3.2025)

De Peter Plate an d’AnNa R. ware Rosenstolz; vun 1991 un hu si zesumme Musek gemaach. Dëst Joer ass déi däitsch Sängerin am Mäerz onerwaart am Alter vu 55 Joer gestuerwen. D’Marie Gales mat engem klengen Portrait.

George Foreman (10.1.1949 - 21.3.2025)

Am Mäerz verléisst eis ee vun de gréisste Boxer deen et jee gouf. Den George Foreman. De Raoul Roos mat engem Réckbléck op säi Liewen.

Poopst François(17.12.1936 - 21.4.2025)

In Pace: Poopst François

Nadja Abd el Farrag (5.3.1965 - 9.5.2025)

D’Nadja Abd el Farrag, ville Leit als “Naddel” bekannt, gouf als laangjäreg Partnerin vum Dieter Bohlen berüümt. Och wann hiert ganzt Liewe vun Héichten an Déifte gepräägt war, huet d’Moderatorin ni opginn. Den 9. Mee dëst Joer huet si eis verlooss. Nicky Soisson.

Brian Wilson (20.6.1942 - 11.6.2025)

In Pace: Brian Wilson

Michael Madsen (25.9.1957 - 3.7.2025)

Tragesch an awer authentesch – sou kéint een dem Michael Madsen säi Schauspill Stil beschreiwen. An méi wéi 300 Filmer huet hie matgespillt, an dat meeschtens an der Roll vum brutale Verbriecher oder sadistesche Psychopat. Den 3. Juli 2025 ass de Michael Madsen am Alter vu 67 Joer un engem Häerzstëllstand gestuerwen. 

Petz Lahure (7.10.1945 - 9.7.2025)

Wärend 27 Joer war de Petz Lahure President vun der Lëtzebuerger Sportspress. Den 12. Juli ass de Journalist am Alter vun 79 Joer gestuerwen. Wéi kaum een aneren huet hien déi Lëtzebuerger Sportswelt kannt. De Rich Simon erënnert op dësem 1. November un de Petz Lahure, dee bis zu sengem Dout, Journalist bliwwen ass.

Felix Baumgartner (20.4.1969 - 17.7.2025)

Hien ass de Mann, deen d’Grenze vum Himmel nei gezunn huet. De Felix Baumgartner – Extreemsportler, Pionéier, Dropgänger. D’Céline Spithoven bléckt mat eis zeréck op säi Liewen. 

Ozzy Osbourne (3.12.1948 - 22.7.2025)

Prince of Darkness, The Madman, oder einfach nëmmen: Ozzy. De Jean-Marc Turmes kuckt zeréck op d’Liewe vum Godfather of Heavy Metal.

Hulk Hogan (11.8.1953 - 24.7.2025)

E markante blonde Schnutz, e roude Bandana a en Tanktop, deen net laang ganz bliwwen ass – Dat kann nëmmen den Hulk Hogan sinn. No enger laanger Karriär ass de fréiere Wrestler am Juli verstuerwen. D’Céline Spithoven mat engem Portrait.

Laura Dahlmeier (22.8.1993 - 28.7.2025)

In Pace: Laura Dahlmeier

Ulli Potofski (7.7.1952 - 3.8.2025)

Hien war d’Stëmm an d’Gesiicht vum Sport beim jonken RTL plus a gouf bekannt mat der Sendung ‘Anpfiff’. 1989 krut de Krauselkapp mam markante Brëll souguer de Bambi als beléiftsten Animateur an Däitschland. Den 2ten August ass den Ulli Potofski zu Krefeld u Leukemie gestuerwen. Virun iwwer engem Joer war hien am RTL-Afterwork an huet iwwer sech a seng ofwiesslungsräich Karriär geschwat. 

Robert Redford (18.8.1936 - 16.9.2025)

Am August huet de Robert Redford nach seng 89 Joer gefeiert an de 16. September koum déi traureg Nouvelle, datt hien am Schlof gestuerwen ass. D’Marie Gales erënnert un ee vun de gréisste Staren an der Filmgeschicht.

Claudia Cardinale (15.4.1938 - 23.9.2025)

‘Eng vun de gréissten italieeneschen Actrice vun allen Zäiten ass gestuerwen’, esou huet den italieenesche Kulturminister gesot. Déi franséisch Kulturministerin huet vun der ‘Franséisin am Häerz’ geschwat. D’Welt huet am September ëm d’Claudia Cardinale getrauert. Eng Schéinheet déi iwwer Joerzéngten am Kino present war. D’Michelle Reiter mat e puer Etappen aus dem Liewe vun der Actrice, genannt ‘La Cardinale’.

Helmut Thoma (3.5.1939 - 3.5.2025)

Den 3. Mee dëst Joer ass den Helmut Thoma op sengem 86. Gebuertsdag gestuerwen. Den Éisträicher war Mediemanager a laang Joren Chef vun RTL Television. De Raoul Roos mat engem Réckbléck op säi Liewen.

Jane Goodall (3.4.1934 - 1.10.2025)

Si huet mat Schimpansen geschwat an d’Welt huet gelauschtert. D’Jane Goodall hätt sech kënnen UN-Friddensbotschafterin, Dame of the British Empire an ettlech (Éieren-)Doktorater op hir Visittekaart schreiwen, ma ass trotz dem internationale Succès ëmmer modest bliwwen. Hire staarke Wëlle, fir d’Welt zu enger besserer Plaz fir Mënsch an Déier ze maachen huet se bis zu hirem Dout ugedriwwen. Mat engem Notizblock, Gedold an engem onermiddleche Glawe un d’Verbindung tëscht alle Liewewiesen huet si d’Bild vun eiser Platz an der Welt nei definéiert. Michèle Schons?

Diane Keaton (5.1.1946 - 11.10.2025)

Eng Longenentzündung war d’Doudesursaach vum Diane Keaton, wéi hir Famill matgedeelt huet, e puer Deeg nom Doud, den 11. Oktober. Déi amerikanesch Actrice mam Chamäleon-Talent konnt an de verschiddenste Filmer brilléieren. Dat goung vun déiftrauereg bis immens witzeg. Op d’Diane Keaton war Verlooss. D’Marie Gales kuckt zréck op eng aussergewéinlech Fra.

Back to Top
CIM LOGO