Nach emol sou richteg Summerfeeling - Am September huele mer Iech samschdesowes um 20 Auer nach emol mat op déi flottste Concerten, Festivallen an aner flott Evenementer vum Summer 2026.
12. September um 20 Auer
D'Schlass vu Käerch gëtt zanter e puer Joer zur Kuliss fir de Beautiful Decay Festival. Musek, Natur an eng eenzegaarteg Atmosphär treffen do openeen, mat elektronescher Musek, Live-Performancen an engem Programm fir Grouss a Kleng.
Mir kucken zeréck op déi schéinste Momenter vun der Editioun 2026 an huelen Iech mat op d'Gréiweschlass mat de spektakuläerste Biller, de beschte Beats an der ganz spezieller Stëmmung vum Beautiful Decay Festival.
Freet Iech och op déi grouss Open-Air-Oper "Kinnekswiss loves" den 19. September mat der Sopranistin Sonya Yoncheva an dem Tenor Vittorio Grigolo.
De 26. September dierft Der Iech nach emol op den "Ultraschall Festival 2026" am Amphitheater um Kierchbierg freeën.