Dat ass awer just eent vun den Dausende Wierker, déi den Artist eegenen Aussoen no a senger joerzéngtelaanger Carrière gemoolt huet. Awer net hei am Land. De Roland Schauls lieft a schafft nämlech zu Stuttgart. Dass hie viru méi wéi 50 Joer grad an dëser däitscher Stad gelant ass, war Zoufall. Hien ass einfach op déi éischt Konschtschoul gaangen, déi hien als Student ugeholl huet. “Ech war virdrun nach ni hei, ech hu mech iwwerrasche gelooss”, esou de Roland Schauls, “d’Iddi war mol fort ze komme vun doheem”.
1974 huet de Roland fir d’éischt fir Zeecheproff studéiert, duerno fräi Molerei. Wéi hien no sengem Studium eng Aarbechtsplaz proposéiert kritt huet, huet hien decidéiert, einfach do ze bleiwen.
Stuttgart zielt zu den zéng gréisste Stied an Däitschland. Mat iwwer 600.000 Awunner liewen do bal genee sou vill Leit wéi am ganze Grand-Duché. Hëlt een déi ganz Metropolregioun an d’Rechnung, kënnt een op fënnef an eng hallef Milliounen Awunner. E Liewen als Kënschtler géif an deem Kontext anescht ausgesinn wéi zu Lëtzebuerg, fënnt de Roland.
“Et ass awer eng aner Konkurrenzsituatioun wéi zu Lëtzebuerg. Et ass ee vill méi gefuerdert a vill manner schnell unerkannt. Et muss ee vill méi laang an ëmmer rëm kämpfen. Et muss een all Dag rëm raus, a sech weisen, an den Challenge opgräifen.”
An dëser Episod vu “Lëtzebuerger am Ausland” kréie mir en Abléck an dem Roland Schauls säin Alldag zu Stuttgart a gi gewuer, ob hien nach eemol zréck op Lëtzebuerg wéilt kommen.