Ma och de Museksprogramm an der Philharmonie war op dësem Nationalfeierdag iwwerraschend peppeg. Fir déi zivil Zeremonie fir Nationalfeierdag sinn d’Lidder vun de “Luxembourg Song Contest"-Finaliste Joël, Tali a Krick nei arrangéiert ginn. Zesumme mam OPL a mat de Chéier vum Stater Conservatoire stounge si e Sonndeg an der Philharmonie op der Bün.
Et war eng eenzegaarteg Erfarung fir déi dräi Sänger. “Et huet ee keng Wierder, fir dat do ze beschreiwen”, esou de Joël Marques nom Optrëtt. D’Tali sengersäits schwätzt vun enger wonnerschéiner Energie op der Bün, och wann hatt méi Drock gespiert hätt, wéi soss. An och d’Krick konnt mat sengem Lidd iwwerzeegen – a mat sengem Outfit, hannert deem eng interessant Anekdot stécht. Wat et domat op sech huet, gesitt Dir am Video-Reportage.
RTL-News: Trounwiessel en vue: Grand-Duc annoncéiert éischt Schrëtt