
De Sherman huet op hirem 1. Album an op hirer éischter US-Tour gespillt. Hie wier en “eenzegaartege Kärel”, erkläert d’Band. “Mir soen him Merci fir Alles: Fir dat Gutt, dat Schlecht an alles Dotëscht.”
Um éischten Album vun der Rockband huet de Sherman de Gittarist Hillel ersat, bis de Slovak nees zeréckkoum. Wéi d’Band am Joer 2012 am Hall of Fame vum Rock’N’Roll opgeholl gouf, war de Kënschtler awer net mat dobäi. Dem Billboard-Magazin huet hien deemools géintiwwer gesot, dass hie sech dowéinst “entéiert” gefillt hätt.