Am Casino - Forum d'art contemporainExpo "€at - Contemporary Artist Things"

RTL Lëtzebuerg
De Projet presentéiert d'Aarbechte vu ronn fofzeg internationale Kënschtler*innen.
€at - Contemporary Artist Things
Déi nei Expo am Casino - Forum d’art contemporain

“EAT”- e Wuertspill mam englesche Verb „to eat“, also “iess”- ass den Titel vun der neier Ausstellung um Rez-de-chaussée vum Casino - Forum d’art contemporain.

An engem Gruppeprojet vun der Online-Kënschtlerplattform “Contemporary Artist Things”, kritt ee ronn 50 verschidde Konschtwierker gewisen. Dat op engem laangen Dësch un deen ee sech als Visiteur setzen a sou un der Ausstellung deelhuele kann. D’Konscht soll sou méi zougänglech gemaach ginn.

Bis den 8. Februar 2026 kann een d’Ausstellung "€at - Contemporary Artist Things” am Casino an der Stad entdecken.

LINK: All d’Emissioune vum Passepartout fannt Dir um RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO