DiddelengExpo "Stëmme vun der Schmelz"

Sandy Elsen
"Stëmme vun der Schmelz" heescht eng nei Ausstellung zu Diddeleng: En Hommage un de fréieren Industrie-Site a seng Mataarbechter.
Expo "Stëmme vun der Schmelz"
“Stëmme vun der Schmelz” heescht eng nei Ausstellung zu Diddeleng: En Hommage un de fréieren Industrie-Site a seng Mataarbechter.

Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg, op där méi wéi honnert Joer laang fir de Räichtum vum Land gesuergt gouf. De Waassertuerm an d’Pomhouse sinn Zäitzeie vun dëser kruzialer Etapp an der Geschicht vum Grand-Duché, déi net dierf vergiess ginn. D’ Mënschen dohannert mussen zu Wuert kommen, hir Geschichten archivéiert a weider verzielt ginn a genee dat mécht d’Ausstellung “Stëmme vun der Schmelz”.

Direkteren, Handwierker, Ingenieuren: An der Ausstellung léiert ee 19 fréier Schmelzaarbechter kennen, déi dem Kënschtler Misch Feinen ganz perséinlech Geschichten aus hirem Alldag op der Schmelz erzielt hunn.

Dës Ausstellung huet awer net just een dokumentareschen, ma och ee kënschtleresche Volet. “Stëmme vun der Schmelz” ass quasi eng Multimedia-Immersioun.

Bis den 1. Januar 2023 hëlt des Ausstellung, déi am Kader vun Esch2022 entstanen ass, de Public mat op Zäitrees duerch déi Diddelenger Industriegeschicht.

Back to Top
CIM LOGO