D´Schauspillerin Fabienne Hollewege hellt eis den Owend am Live aus der Stuff mat op eng musikalesch a literaresch Rees. Eng Performance mat hiren Texter op däitsch, lëtzebuergesch a franséisch. Dat Ganzt gëtt mat Gittar an Akkordeon begleet. Doniewent liest si dann och Deeler aus hirem Buch “Lucy Love”.
Um 20:00 Auer geet et lass.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.