
Zanter e Samschdeg de Moien ass bekannt, wéi eng Bicher op der Shortlëscht fir de Prix Servais 2025 stinn.
Et sinn:
Mat där Lëscht wéilt een op d’Diversitéit an d’Qualitéit vun der Lëtzebuerger Literaturzeen hiweisen, heescht et am Communiqué vum Jury.
Déi fënnef nominéiert Bicher ginn de 24. Abrëll am CNL virgestallt, d’Woch drop da gëtt de Laureat vum Prix Servais 2025 annoncéiert, dee mat 7.500 Euro dotéiert ass.
De Jury vum Prix Servais 2025 gëtt vum Sébastian Thiltges presidéiert a besteet aus follgende Memberen: Fabienne Gilbertz, Ludivine Jehin, Henning Marmulla, Diane Neises, Jérôme Netgen, Shari Schenten, Aimée Schultz an Tamara Sondag.