Dat war den Challenge fir 6 Fotografinnen a Fotografen: D’Véronique Kolber, d’Carole Melchior, de Patrick Galbats, de Marc Schroeder, de Romain Girtgen an den Andrés Lejona.
Si kruten de leschte Mount, genee an där Zäit, wou mer all sollten doheem bleiwen, den Optrag, déi exzeptionell Situatioun zu Lëtzebuerg fotografesch ze dokumentéieren.
D’Resultater vum Projet “Chroniques d’une Pandemie” konnt een dono lues a lues op der Facebook-Säit vum CNA entdecken.
Fir de Reportage am Magazin war d’Violetta Caldarelli mat engem vun de Chroniker, dem Marc Schroeder, zréck op d’Plazen, wou hien d’Corona-Kris zu Lëtzebuerg am Bild festgehalen hat.
