
Den Thierry Martin koum Ufank vun den 80er Joren aus Frankräich op Lëtzebuerg an huet am Ufank nach fir de Répulicain Lorrain geschafft. No senger Zäit als Freelance gouf hie fest bei der Lëtzebuerger Revue agestallt.
A senger laanger Karriär huet hie wierklech alles a jiddweree fotograféiert. Och a senger Pensioun huet hien nach fir d’Revue eng Zäit laang “People"-Fotoe gemaach.