
Wéi den zoustännege Ministère an Ägypten matgedeelt huet, hunn d’Fuerscher am Tempel Taposiris Magna 16 a Stee geschloe Griewer entdeckt. Hei hätt ee Mumie fonnt, déi an engem schlechtem Zoustand waren, ma et hätt een och Bijoue mat Blatgold ëmwéckelt fonnt, dat a Form vun enger Zong. Dës Bijoue sollen den Doudege bei der Abalsaméierung an de Mond gestach ginn, “fir sécher ze stellen, dass si am Liewen dono schwätze kënnen”, sou nach de Ministère.
Bei zwou Mumie gouf et dann och eng kleng Sensatioun: Bei enger Mumie gouf en Duch aus Léngent fonnt, mat gëllene Biller vum Gott vum Doud, dem Osiris, déi aner Mumie hat eng Kroun mat Haren an enger Kobra dekoréiert um Kapp. Dobäi war och eng Kette mat engem Unhänger a Form vun engem Villercherskapp. Hei soll et sech ëm de Gott Horus handelen.
Weider hunn d’Archeologen nach eng weiblech Mask, e gëllent Diadem an 8 Marmor-Maske fonnt.
Zënter Jore scho gëtt am Weste vun Alexandria gegruewen, dat nom Graf vun der ägyptescher Kinnigin Kleopatra. Experten no wier et awer onsécher, dass d’Graf tatsächlech an dëser Regioun ze fannen ass.
