
Organiséiert gëtt d’Evenement vun de Rotonden an Zesummenaarbecht mat enger Rei Acteure, wéi zum Beispill der a.s.b.l. Game On, der Spillfabrik oder Social Gaming Luxembourg. Wéinst Aarbechten an de Rotonde kann et dëst Joer net op gewinnter Platz stattfannen a plënnert dofir kuerzzäiteg an de Kulturzentrum vu Bouneweg.
D’Aktivitéite ginn doduerch awer net ageschränkt.
Game On ass déi Platz fir all passionéierte Gamer. Egal op Videospiller oder Gesellschaftsspiller, al oder nei, dëse Weekend kann een eng Villzuel u verschiddene Spiller aus Lëtzebuerg an der Groussregioun entdeckenn, bei Atelieren an Tournoie matmaachen a sech mat anere Spillfanatiker miessen.
Den Entrée ass de ganze Weekend gratis, ausser fir verschidden extra Aktivitéiten.