Déi éischt Gemeng war jo Käerjeng. E Méindeg den Owend hu si dunn d’Fakel weidergereecht un hir Nopeschgemeng Péiteng. Als fënneft meescht bewunnt Gemeng vum Land gëtt et zu Péiteng eng ganz Rëtsch ze maachen an ze kucken, wéi zum Beispill de Giele Botter, d’Waxweiler Millen oder de “Josefson Hyman Square” an de “Musée 1944".
Am Kader vun Esch2022 hu si sech dann awer och dat eent oder anert Evenement afale gelooss. Dorënner sinn d’Fotosausstellung “1001 Tonnen” vum Jessica Theis, en Zirkus fir Primärschoulkanner an e Concert, deen am Summer ofgehale gëtt.
Am Fokus steet awer, typesch fir d’Gemeng, hir Kavalkad: de “Péitenger Wandjang”. Koordinéiert gëtt dëse vum Roland Breyer, dee schonn als Kand passionéiert vum Karneval war an zanter 1966 aktiv um Organiséiere vun dëse Kavalkade bedeelegt. Fir eise Reportage hu mir hie fir en Nomëtteg bei de leschte Preparatioune begleet a waren och an d’Maison relais luussen, wéi d’Kanner sech op déi grouss Festivitéite virbereeden.
Méi Informatiounen zum “Péitenger Wandjang” an de ganzen Agenda fannt Dir op hirem Site esch2022.lu.