DüsseldorfGeplangte Concert mat 13.000 Zuschauer gëtt verréckelt

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech sollt de 4. September e grousse Concert zu Düsseldorf organiséiert ginn. Dee gëtt elo awer op de spéiden Hierscht verréckelt.

Dat huet de Veranstalter matgedeelt. Bei deem Concert solle jo bis zu 13.000 Zuschauer dobäi sinn, wat nawell fir vill Diskussioune gesuergt huet.

Well aktuell d’Infektiounszuelen nees klammen, hätt een elo d’Decisioun geholl, de Concert op e méi spéiden Datum ze verréckelen. Iwwer 7.000 Leit hate sech schonn en Ticket kaf. Déi kréien hir Suen integral rembourséiert.

Beim Concert de 4. September sollten nieft dem Bryan Adams a Sarah Connor och nach de Rea Garvey, The BossHoss oder de Joris optrieden.

Back to Top
CIM LOGO