Bandkolleege confirméierenGittarist vu "Massive Attack" Angelo Bruschini gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg sinn éischtmoleg d'Rumeuren opkomm, elo hu seng Bandkolleegen déi traureg Nouvelle confirméiert.
E Concert vu Massive Attack 2016 zu Mailand.
E Concert vu Massive Attack 2016 zu Mailand.
© MAIRO CINQUETTI NurPhoto NurPhoto via AFP

Den 62 Joer ale Museker ass Medieberichter no wuel u Longekriibs gestuerwen, seng Diagnos hat hie virun net all ze laanger Zäit ëffentlech gemaach.

Schonn e Méindeg ass iwwert dem Angelo Bruschini säin Doud spekuléiert ginn, ma seng Band huet en Dënschdeg d’Nouvelle um Kuerznoriichtendéngscht X (fréier bekannt als Twitter) confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO