Expo, Filmfestival a Biennale Grand-Duc a Grande-Duchesse entdecken d’Lëtzebuerger Konscht zu Venedeg

RTL Lëtzebuerg
De Kulturminister Eric Thill war den 9. an 10. September zu Venedeg, wou d'Lëtzebuerger Kultur op verschiddene groussen internationale Rendez-vousen am Mëttelpunkt stoung.
Groussherzoglech Koppel erlieft d’Lëtzebuerger Kreativitéit zu Venedeg
Déi groussherzoglech Koppel erlieft d’Lëtzebuerger Kreativitéit zu Venedeg.
© Maison du Grand-Duc

Am Fokus stoung d'Ausstellung "Fiat Lux", déi am Kader vum 10. Anniversaire vun De Mains De Maîtres Luxembourg 27 Lëtzebuerger Createuren an Handwierkskënschtler mat méi wéi 60 Wierker presentéiert. Beim Vernissage waren och de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse dobäi.

Och de Lëtzebuerger Filmsecteur war op der Mostra di Venezia vertrueden. De Film "Artou" vum Abderrahmane Sissako, eng Lëtzebuerger Koproduktioun, gouf an der Sektioun Venice Immersive gewisen. "Guria" vum georgesche Regisseur Levan Koguashvili, och mat Lëtzebuerger Bedeelegung, gouf an der Sektioun Venezia Spotlight presentéiert.

Donieft hunn de Grand-Duc, d'Grande-Duchesse an den Eric Thill de Lëtzebuerger Pavillon op der 61. Biennale d'art besicht, wou d'Kënschtlerin Aline Bouvy Lëtzebuerg mat hirem Projet „La Merde“ vertrëtt. Um Programm stoung och e Besuch vun Homo Faber op der Insel San Giorgio Maggiore.

Op der 61. Biennale zu Venedeg
Zu Venedeg leeft den Ament eng vun de gréisste a renomméiertste Konschtfoiren.

Domat sollt zu Venedeg d'Diversitéit vun der Lëtzebuerger Kultur – vum Film iwwer zäitgenëssesch Konscht bis bei d'Konschthandwierk – international méi siichtbar gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO