Méi wéi 200.000 Persounen aus eisen 3 Nopeschlänner fueren all Dag iwwer d’Grenzen, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen. Dës Leit stellen e wichtege Pilier vun eiser Wirtschaft duer, ma an alleréischter Linn geet et ëm Mënsche mat ganz individuelle Geschichten. Gutt een Drëttel vun hinne si Fraen, a speziell mat hinnen huet sech d’Regisseurin Sophie Langevin am dokumentareschen Theaterstéck „Les Frontalières“ beschäftegt. E Stéck dat um Sonndeg am Escher Theater opgefouert gëtt.
„Les Frontalières“ ass alles anescht wéi klasseschen Theater. Op Initiative vun der Asti, huet d’Sophie Langevin een originelle Projet kreéiert, deen déi sozial-politesch, wéi och déi perséinlech-intim Facette vum Grenzgänger-Phänomen opdeckt.
4 Schauspillerinne - jiddereng vun hinne selwer Frontalière – ginn op der Bün vum Escher Theater, franséischen, däitschen, belschen a Lëtzebuerger Grenzgängerinnen eng Stëmm, an dat ausgoend vu ronn 40 Interviewe mat Fraen, déi Dag fir Dag op der Rees tëschent zwou Grenze sinn.
D’Stéck, wéi och d’Personnagen hu verschidde Facetten, ma de Coronavirus huet „Les Frontalières“ eng nei Dimensioun ginn.
Op der Bün gëtt „Les Frontalières“ just e Sonndeg opgefouert, ma Mëtt Februar gëtt dëst Stéck dann och a Form vun engem Spektakel fir ze lauschteren a 4 eenzele Podcaste bei eis op RTL Play diffuséiert.