De Mikis Theodorakis war als Museker, Schrëftsteller a Politiker a Griichenland an och international berüümt.
Hien ass an den 1960er Joren mat senger Musek fir de Film “Alexis Sorbas” vum Michael Cacoyannis, mam Anthony Quinn an der Haaptroll, weltbekannt ginn.
Wéi hien Enn der 60er Jore fir eng 2. Kéier an de Widderstand gaangen ass, ass seng Musek a Griicheland verbuede ginn. Ma d’Griichen hu seng Lidder weider vun Doheem aus oder iwwer auslännesch Radiostatioune gelauschtert. Am Exil zu Paräis huet hie seng Lidder “Axion Est”, “Das Lied vom Toten Bruder” a de “Canto General” komponéiert.

Nodeems d’Demokratie rëm a Griicheland agefouert ginn ass, ass den Theodorakis zréck a seng Heemecht gaangen an huet sech du fir d’Politik agesat.