Den nërdlechen Deel vum Gebai gëtt jo schonn zanter 2018 vun der Uni.lu fir hire Luxembourg Learning Center genëtzt – de südlechen Deel gouf elo am Kader vum europäesche Kulturjoer Esch2022 an en Ausstellungsraum vu 500 Quadratmeter op dräi Stäck ëmgewandelt. Organiséiert gëtt dës interaktiv, visuell an audiovisuell Ausstellung vum Kunst und Medienzenter Karlsruhe, kuerz ZKM.
Den Titel besteet aus zwee Deeler„Hacking Identity“ an „Dancing Diversity“. Den éischten Deel weist dorop hin, dass d’Wierker eng Reflektioun dovunner si wéi ee sech selwer an d’Leit ronderëm een identifizéiert, awer och ob een u senger Identitéit eppes ännere kann.
Den zweeten Deel wier “ein Plädoyer an alle Besucher/innen, sich selbst zu von engen kulturellen Normen und Vorstellungen zu befreien und durch die Kunst ein Stück Freiheit zu geniessen”, sou d’Anett Holzheid, déi d’Ausstellung mat kuréiert huet.
D’Ausstellung “Hacking Identity – Dancing Diversity” kann een nach bis de 15. Mee an d’Möllerei kucke goen.