D’Figur aus Bronze, déi 1982 installéiert gouf an iwwer 40 Joer alle Wiederbedéngungen an der Stad ausgesat war, gouf am Oktober um Roude Pëtz ofgeriicht a koum op St. Rémy-les-Chévreuse, net wäit vu Paräis ewech, fir hei restauréiert ze ginn.
D’Restauratiounsaarbechte waren opwenneg, well de grénge Spoun an d’Kruste mat engem sougenannte “Micro-Gommage” ewechgeholl goufen. Dono goufen d’Deeler am Bronze, déi gerass waren, ewéi och d’Waasserleitungen an der Skulptur reparéiert.
Dono gouf eng nei Patine op der ganzer Iwwerfläch vum Bronz opgedroen. Dës huet donkelbrong Nuance fir d’Museker, d’Kanner an d’Hämmelen respektiv méi gëllen Téin fir d’Instrumenter.

Och wann d’Skulptur en Dënschdeg schonn installéiert gouf, ass déi offiziell Aweiung fir Karfreideg, also den 29. Mäerz, geplangt, dem Dag vum Hämmelsmarsch.
A fréieren Zäite war de Roude Pëtz eng Plaz an der Stad, wou et eben e richtege Pëtz gouf, aus deem sech d’Leit, déi an der Ëmgéigend gelieft hunn, un Drénkwaasser koumen.
Méi Detailer dozou fannt der am Pisa zu dësem Sujet.