
Elo huet Amazon, de Produzent vun der Serie, awer decidéiert, d’Produktioun vun der zweeter Staffel a Groussbritannien ze verleeën. Dat ass fir Neiséiland e Verloscht vu Millioune vun Dollar.
D’Produktioun vun der éischter Staffel, déi um Roman vun “Herr der Ringe” baséiert, huet ronn 400 Milliounen Euro kascht. D’Aarbechten un der éischter Staffel sinn nach net komplett ofgeschloss a sollen awer nach an Neiséiland op en Enn kommen. Réischt wann d’Aarbechten un der zweeter Staffel ufänken, wéilt Amazon d’Produktioun a Groussbritannien plënneren.
Déi éischt Staffel vun der “Herr der Ringe"-Serie soll een dann ab dem 2. September 2022 op Amazon Prime kucke kënnen.
Weider Detailer zu der neier Serie, fannt Dir an dësem Artikel.