Als Historiker, wéi och als Professer wousst de Gilbert Trausch wéi keen aneren, engem breede Public Aspekter vun der Lëtzebuerger an der europäescher Geschicht spannend nozebréngen. Fir méi iwwer seng Aarbecht gewuer ze ginn, analyséiert e Grupp vu Fuerscher dem Gilbert Trausch seng Privatbibliothéik, déi iwwerdeems virtuell rekonstruéiert gëtt.
De Gilbert Trausch war Geschichtsfuerscher mat Läif a Séil. Wann hien net grad e Virtrag gehalen oder un enger Publikatioun geschriwwen huet, natierlech analog op der Hand, da war hien an d’Fachliteratur vun aneren Auteure verdéift.
Geschafft gouf an der Privatbibliothéik a sengem Haus um Lampertsbierg, wou sech am Laf vun de Joren op dräi Etagen verdeelt, ëm déi 25.000 Bicher an aner Dokumenter ugesammelt hunn.
Nom Doud vum Historiker 2018, hu sech seng Kanner dozou entscheet, fir déi wëssenschaftlech Bibliothéik der Uni Lëtzebuerg ze vermaachen.
Et ass en Don, dee fir d’Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg vu grousser Bedeitung ass. D‘Analys vun deene ronn 254 Regalmeter Bicher, erméiglecht et nämlech, ze verstoen, no wéi engem System d‘Trausch-Bibliothéik organiséiert war a wéi deen dem Historiker gehollef huet seng Aarbecht ze maachen.
Fir an Zukunft Studenten den Zougang zu der original Trausch-Bibliothéik ze erméiglechen, gëtt d’Haus carrement digital rekonstruéiert. Mat spezielle Markéierunge goufen d’Raimlechkeeten an d’Regaler vermooss an e Koordinaten-System fir d’Bicher bestëmmt, fir dass ee spéider da virtuell duerch déi grouss Bibliothéik spadséiere kann. Ma fir d‘éischt emol mussen déi Dausende Bicher inventariséiert a katalogiséiert ginn an dat geschitt am Luxembourg Learning Centre um Belval.
Ass dës Aarbecht gemaach, ginn déi vill Wierker an de Bestand vum Luxembourg Learning Centre opgeholl, esou dass se dann och an der Universitéitsbibliothéik kënne consultéiert ginn.