
Holland ass d'nächst Joer dann awer beim Eurovision Song Contest dobäi. Den ëffentlech-rechtleche Sender NPO huet e Mëttwoch annoncéiert, fir de Sender Avrotros anzesprangen, dee sech aus Protest iwwer d'Participatioun vun Israel vum Concours zeréckgezunn hat. En "onofhängegt Team vun Experte" wäert de Prozess allerdéngs "opmierksam begleeden", heescht et weider.
Avrotros hat am August erkläert, et kéint een net méi ofstreiden, dass international Konflikter sech ëmmer méi op de Museksconcours auswierken a säin neutrale Charakter ënnergruewen". Den ESC wier domat "zu enger Plattform fir d'Zerspléckung ginn". An deem Sënn wéilt sech Avrotros zeréckzéien a keen hollännesche Kandidat a Bulgarien schécken.
Elo spréngt wéi gesot NPO an a wäert och e Kandidat nominéieren, dee fir Holland a Bulgarien untrëtt. De Mediendirekter Jurre Bosman erkläert, NPO hätt d'Europäesch Rundfunkallianz "ausdrécklech opgefuerdert", den Esprit vum Zesummenhalt vun dësem Evenement nees zu engem wichtegen Element ze maachen. Dat wier besonnesch an dësen Zäite wichteg.
Holland huet als Grënnungsmember a fënneffache Gewënner vum ESC iwwer Joerzéngten eng wichteg Roll gespillt beim weltwäit iwwerdroene Concours. Schonn d'Editioun 2026 hat d'Land mat véier anere Participante boykottéiert. Si haten en Ausschloss vun Israel wéinst dem Krich a Gaza gefuerdert. D'lescht Woch hatt och Irland annoncéiert, nees net beim ESC matzemaachen.
D'Eurovisioun soll de Reegelen no neutral an onpolitesch sinn. Nom Sträit ëm d'Participatioun vun Israel hat d'Europäesch Rundfunkallianz als Organisateur Mëtt August decidéiert, dass Länner am Krichszoustand net Host vum Museksconcours dierfe sinn. Israel gouf bei der Annonce vun dëser Decisioun awer net explizitt genannt.
No der Victoire vun der bulgarescher Sängerin Dara mat hirem Lidd "Bangaranga" zu Wien ass déi 71. Editioun vum Eurovision Song Contest de 15. Mee 2027 an der bulgarescher Küstestad Burgas.