Sträit ëm politesch NeutralitéitHolland hëlt och 2027 net um Eurovision Song Contest deel

AFP, iwwersat vun RTL
D'nächst Joer ass déi 71. Editioun vum Contest de 15. Mee an der bulgarescher Stad Burgas.
© TOBIAS SCHWARZ/AFP

Nom Boycott vun Holland dëst Joer am Sträit ëm den Ëmgang mat Israel, wäert d'Land och 2027 net beim Eurovision Song Contest participéieren. Et wier kloer, dass den internationale Konflikt sech ëmmer méi op den ESC géif auswierken an domadder säin neutrale Charakter géif verléieren, sou den Taco Zimmerman, de Generaldirekter vun Avrotos an Holland.

Holland hunn als Grënnungsmember a fënneffache Gewënner vum ESC iwwer Joerzéngten eng wichteg Roll beim grousse Museksevenement gespillt. Grond ass en heftege Sträit ëm d'Participatioun vun Israel. Et gëtt jo gefuerdert, dass Israel misst vum ESC ausgeschloss ginn. An der Begrënnung, och 2027 net deelzehuelen, gouf Israel awer net mam Numm genannt.

No sengem Reegelwierk muss den ESC neutral an onpolitesch sinn. D'nächst Joer ass déi 71. Editioun vum Contest de 15. Mee, déi an der bulgarescher Stad Burgas wäert organiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO