"Game of Thrones"-Prequel"House of the Dragon" soll den 21 August Première feieren

RTL Lëtzebuerg
Déi nei Serie vun der amerikanescher Chaîne HBO wäert 10 Episoden hunn soll ënnert anerem iwwert de Streaming-Déngscht HBO Max ze gesi sinn.

D’Serie “House of the Dragon”, där hier Première e Mëttwoch annoncéiert gouf, baséiert um Buch “Fire and Blood” vum Auteur vun der “A Song of Ice and Fire"-Serie George R.R. Martin. D’Handlung bezitt sech op d’Zäit ronn 200 Joer virun der Kult-Serie “Game of Thrones”, déi tëscht 2011 an 2019 iwwer aacht Staffele gelaf ass an ëmmer nees nei Rekorder opgestallt huet.

“House of the Dragon” erzielt d’Geschicht vun der Famill Targaryen, déi dat fiktiivt Westeros op Draachen ageholl huet. Aner der neier Serie spillen ënnert anerem d’Emma D’Arcy (“Wanderlust”), de Matt Smith (“Doctor Who” an “The Crown”) an de Rhys Ifans (“Spiderman”) mat.

Back to Top
CIM LOGO