An der Kulturfabrik zu Esch"Hunneg Strëpp & Friends" geet an déi zweet Ronn

RTL Lëtzebuerg
Um Owend mat dobäi si Schëppe Siwen, No Metal In This Battle, KLEIN an de MAZ.
"Hunneg Strëpp & Friends" geet an d'zweet Ronn
Do suergen dës Kéier d’Schëppe Siwen, No Metal In This Battle, KLEIN an de MAZ fir een ofwiesslungsräichen an interessanten Owend.

Zanter 2017 mëschen déi 8 Membere vun der Band “Hunneg-Strëpp” d’Lëtzebuerger Musekszeen mat hiren Energie-geluedene Concerten op. E Freiden, den 1. Mäerz spille si elo offiziell hiren 100. Concert.

“Wann ee pro Joer eng 20-30 Concerte spillt, wéi mir, sinn déi 100 Concerten och séier gespillt”, laacht de Max Lucas, ee vun den 8 Käpp hannert “Hunneg-Strëpp”. “Mä mir waren natierlech awer positiv iwwerrascht, wéi mir nogezielt hunn an op 100 koumen.”

De Jubiläum ass zoufällegerweis op déi 2. Editioun vum “Hunneg-Strëpp & Friends” gefall. Do suergen dës Kéier d’Schëppe Siwen, No Metal In This Battle, KLEIN an de MAZ fir een ofwiesslungsräichen an interessanten Owend, bei deem all Museksfan garantéiert op säi Genoss kënnt. Méi Informatiounen an Tickete ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO