Vun Useldeng op L.A. ... de Gast Waltzing huet vrun zwee Joer e Grammy kritt. Wat huet dee wichtegste Musekspräis him bruecht?
Dës Woch ass hien den Invité beim Jenny Fischbach. Ausserdeem derbäi d’Christiane Kremer an de Loïc Tanson, deen iwwer d’Favoritten op en Oscar schwätzt.
De labbere Kulturtalk “No Art On Air” am Café “Gudde Wëllen” an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d’Emissioun duerno och am Replay fënnt.