E Work in Progress war et deemools. Duerno goung et da mam Theaterstéck op d’Kunstfest zu Weimar an de Weekend vum 16. a 17. Mäerz gëtt et dann och a senger fäerdeger Inzenéierung hei zu Lëtzebuerg gespillt.
“Eschenliebe” erzielt d’Geschicht vun engem Mann, deen an ee spezifesche Bam verléift ass. Eng ongewéinlech Libesgeschicht, déi de Mann zu engem Aussesäiter an eiser Gesellschaft mécht. Krampfhaft probéiert hien eng Fassad oprecht z’erhalen an huet immens mat sech selwer ze kämpfen.
Steve Karier – Acteur:
“Ech hu mir virgestallt an dat och ganz Eescht geholl, wéi dat ass, wann een eng Leidenschaft oder eng Léift fir een oder eppes huet, a wat komplett ongewinnt ass. An och wéi ee sech vläicht als Aussesäiter gefillt huet virun net all ze laanger Zäit, wann een zum Beispill homosexuell ass. Also wéi dat ass, wann ee gefillt net esou ass wéi déi aner.”
En anert Thema dat an “Eschenliebe” opgegraff gëtt, ass d’Stierwe vun de Beem an déi zesummenhänkend Klimakris.
Steve Karier:
“Et ass eng massiv Dréchent an der Stad a säi Bam ass amgaangen ze stierwen. All Owend rennt hie mat zwee Eemer Waasser dohin, fir dee Bam ze netzen. Dat fält natierlech op, wann een ëmmer zu enger gewëssener Zäit mat zwee Eemer Waasser am Tram oder Bus sëtzt. Hien ass doduerch isoléiert an hien huet Verfolgungswan, deen awer ubruecht ass, well hie fäert, entdeckt a bloussgestallt ze ginn.”
D’Inzenéierung ass ganz minimalistesch, et brauch zwee Eemer, e Luuchtekonzept, Kierperlechkeet a Sprooch. Den Text vum Theresia Walser ass ënner anerem ganz rhythmesch a poetesch, a vun dohier war et bei der Mise en scène wichteg, net ze vill dovunner ofzelenken.
Daliah Kentges – Mise en scène:
“Et kann een den Text lafe loossen, deen inzenéiert sech quasi selwer an ech wollt dat net mat engem Aktionismus briechen. Dunn hunn ech mech éischter op d’Atmosphär konzentréiert, dat mat menge Musekschoixen ze begleeden an der Luucht. Mee et ass scho laang e Wonsch vu mir gewiescht, en Text vum Theresia Walser ze inzenéieren, well ech einfach e grousse Fan sinn.”
“Eschenliebe” mam Steve Karier op der Bün kann een nach e Samschdeg an e Sonndeg an de Kapuzinertheater kucke goen.