Zanter enger Partie Jore gëtt de Festival jo och zesumme mat “Les amis de l’orgue Dudelange” organiséiert am Kader vun hirem Uergelfestival. Den Optakt war an der Kierch St Martin zu Diddleng, wou d’Uergelfrënn an d’"Kevin & Friends” fir Stëmmung gesuergt hunn.
Ma och déi nächst zwee Deeg gëtt eng diversifiéiert Palette gebueden. Mat dobäi sinn, ënner anerem “Noon”, “The Kilkennys”, “Celtic Legends” an “Authentica”.De ganze Lineup fënnt een op hirem Site