Realisateure vun Documentaire "NAZA"Israeelesche Kulturminister wëll Yuval Abraham a Rachel Szor Staatsbiergerschaft entzéien

AFP, iwwersat vun RTL
Den israeelesche Kulturminister Miki Zohar wëll den zwee präisgekréinte Realisateure vum Documentaire "NAZA" d'Staatsbiergerschaft entzéien. De Reproche: "Verrot um Staat" Israel.
D'Rachel Szor an de Yuval Abraham hu fir hiren Documentaire "Naza" um Filmfestival vu Venedeg de Spezialpräis vun der Jury kritt.
D'Rachel Szor an de Yuval Abraham hu fir hiren Documentaire "NAZA" um Internationale Filmfestival vu Venedeg de Spezialpräis vun der Jury kritt.
© DANIELE CIFALA/NurPhoto via AFP

Op der Online-Plattform X huet de Miki Zohar dem Yuval Abraham a Rachel Szor "Verrot um Staat" Israel reprochéiert an datt se bereet wieren, "hirem Heemechtsland ze schueden, fir Applaus vun Antisemitten op der ganzer Welt ze kréien". Hie géif dofir "direkt Moossnamen ergräifen", fir den zwee Realisateuren déi israeelesch Staatsbiergerschaft z'entzéien.

De Gaza-Documentaire "NAZA" war e Samschdeg beim Filmfestival vu Venedeg mam Spezialpräis vun der Jury ausgezeechent ginn a krut Standing Ovations wärend 25 Minutten. Och vu Kritiker ass "NAZA" héich gelueft ginn. Am Documentaire zielen israeelesch Vertrieder vu Militär a Geheimdéngscht anonym, wéi d'israeelesch Arméi an der Gazasträif palästinensesch Zivilisten ëmbréngt, deels ënner Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz.

Och de rietsextreemen israeelesche Sécherheetsminister Itamar Ben Gvir huet d'Rachel Szor an de Yuval Abraham schaarf attackéiert. Op X schreift hien: "Dir sidd eng Schan an eng Blamage fir dat komplett israeelescht Vollek. Verschwannt!".

Den Entzuch vun der Staatsbiergerschaft ass an Israel rechtlech méiglech, gëtt awer seelen applizéiert. Den Ieweschte Geriichtshaff huet 2022 confirméiert, datt esou ee Schrëtt méiglech wier, wann déi Beschëllegt duerch Spionage oder Verrot hir "Loyalitéit" géigeniwwer dem Staat gebrach hunn. 2023 gouf dat entspriechend Gesetz op "Terror"-Delikter ausgebreet. En Entzuch vun der Staatsbiergerschaft muss deemno vum Inneminister ugefrot, vum Justizminister accordéiert a schliisslech vun engem Riichter bestätegt ginn.

D'israeelesch Arméi hat déi am Documentaire erhuewe Virwërf iwwer Massemorde vun angeeblechen Hamas-Membere mat Hëllef vu KI e Freideg zeréckgewisen. Den Documentaire géing sech op Whistleblower stëtzen, där hie Identitéit "net verifizéiert" kéint ginn, heescht et vun der Arméi.

Back to Top
CIM LOGO