
De brittesche Museker kënnt de 26. Juli 2026 op den Echterlive. De Sänger hat sech am Virfeld Zäit fir RTL Today Radio geholl.
"Ech fannen et schonns verréckt," seet de Morrison iwwert déi zwanzeg Joer am Business. "Ech huelen näischt als selbstverständlech. Ech sinn nach ëmmer frou, wann ech dierf Musek maachen, a wann d'Leit nach ëmmer Tickete fir meng Concerten kafen, dat ass fir mech eng grouss Bedeitung."
Mat Lidder wéi "You Give Me Something" huet den Album Undiscovered am Joer 2006 dem Morrison d'Dieren opgemaach: Millioune Placken verkaf, Brit Awards gewonnen an eng grouss Fangemeinschaft uechter Europa opgebaut.
Am Ufank hat hie sech selwer net sou grouss Zieler gesat: "Ech hunn deemools gewosst, ech muss 100.000 Alben verkafen, fir nach eng zweet Plack dierfen erauszebréngen," erkläert hien. "An op eemol waren et eng Millioun."
Dëse séiere Succès huet awer och Erausfuerderunge mat sech bruecht. "Déi Joer drop hat ech e richtegen Imposter-Syndrom," gëtt hien zou. "Ech hu mech gefrot: Wat maachen ech hei iwwerhaapt?"
No 20 Joer op der Bün fält et him elo méi einfach, op seng Karriär zeréckzekucken an de Werdegang ze schätzen: "Elo ass et fir d’éischt Kéier, wou ech mech mol zréckleeë kann a kucke, wat ech erreecht hunn."
Fir de Morrison bleift d'Live-Optrieden d'Häerzstéck vun sengerr Musek. "Ech hunn nach ëmmer genee esou vill Freed un de Concerte wéi fréier. Dat war ëmmer mäi Dram als Kand: an enger Band spillen a Musek maachen."
Besonnesch jonk Museker sollen, senger Meenung no, Erfarung op klenge Bünen a Pubs sammele: "Du muss dech behaapten," seet hien. "An de Pubs a bei Open-Mic-Sessiounen léiers de vill driwwer, wéi eng Stëmmung am Sall ass a wéi een d'Leit mathëlt."
Dës Iwwerleeungen deelt hien och mat senger Duechter, déi bei der Tour mat op der Bün steet. "Si séngt bei véier bis fënnef Lidder mat mir zesummen. Dat ass e richteg schéine Moment – wéi e Krees, dee sech schléisst."
Hei fannt Dir de kompletten Interview mam James Morrison an der Sam Steen Show.