
D'Crème de la Crème vun de Lëtzebuerger vun de Jazzmuseker ass den Owend zu Koplescht fir eng richteg Jazz Champions League.
Mat derbäi: Claire Parsons, Eran Har Even, Gautier Laurent, Greg Lamy, Jean-Marc Robin, Jean-Yves Jung, Jeff Herr, Jérôme Klein, Laurent Payfert, Maxime Bender, Niels Engel, Pol Belardi, Vitaliy Zolotov ...
De Rendez-vous ass vu 19 Auer un am Centre Wirtspesch zu Koplescht.

Mat "Vanitas: Live fast, never digest" huet de Kënschtlerduo Sandy Flinto (Mise en scène) an de Pierre Grobéty e Stéck iwwert d'Bewosstsinn vun der Stierflechkeet kreéiert.
Ma net nëmmen dat ... et geet och ëm d'Kollateraleffekter vum Liewen an eiser vu Konsum a Schnellegkeet gepräägter Gesellschaft.

D'Stéck hat Première an der KUFA a gëtt de 5. a 6. Abrëll an der Abtei Neimënster gespillt.
Et ass e Rendez-vous fir Konscht-Begeeschterter zu Jonglënster, 'Art Lënster' ass dëst Joer scho fir déi 6te Kéier. Eng ganz Rei Artisten a Konschthandwierker weisen hir Kreatiounen.

Ausgestallt gëtt am Centre Polyvalent Gaston Stein, am Centre Culturel 'Am Duerf', am Lënster Lycée an am Gehaansräich zu Gonnereng.
Progamm Art LënsterDe Vernissage vun 'Art Lënster' ass dëse Freideg den Owend um 7 Auer am Festsall vun der Schoul zu Gonnereng, an fir deen hu se sech eppes ganz Spezielles afale gelooss.
Et ass eng vun den eelsten Traditiounen am Land. 1896 ass fir d'éischte Kéier eng REVUE opgefouert ginn. Dono war dat ganz reegelméisseg bis 2016. No engem Joer Paus koum lescht Joer e Renouveau. Och dëst Joer klëmmt déi nei forméiert Equipe nees op d'Bühn mat engem satireschen a lëschtege Programm, deen dat lescht Joer Revue passéiere léisst.
Mat David Bettinelli, Brigitte Binz, Marc Camy, Gérard Heinen, Liliane Luyckfassel, Rafael Parrinha, Ricardo Vieira, Stéphanie Welbes an Dana Zangerlé. D'Regie mécht den Nico Lessyn.
Première hat d'"Revue 2019" am Kapuzinertheater, gespillt gëtt do nach bis de 7. Abrëll. Weider Virstellunge ginn et zu Esch vum 10. bis den 12. Abrëll. Dono nach am CAPE, CUBE, ARCA Bartréng a Käerjeng.